Bienvenu au nouveau site de déi Lénk Esch!

Plus d’informations suivront bientôt! 

Entretemps, n’hésitez pas de nous contacter au sekretariat@dei-lenk.lu ou de visiter le site du mouvement national: www.dei-lenk.lu

Schoulorganisatioun 2019: Déi selwecht al Problemer.

mardi, 18 juin 2019 

An den Escher Schoule ginn et eng Rei Problemer : A verschiddene Schoulen ass net genuch Plaz , et gi net genuch nei Schoule gebaut fir an Zukunft déi wuessend Schülerpopulatioun ënner Dag ze kréien, an et gëtt net genuch sozial Vermëschung vun de Schüler a verschiddene Quartiersschoulen.

Fir de Problem vum Manktem u Plaz ze léisen,  ass iwwer déi lescht 6 Joer och déi schnell Léisung vun den Annexë fonnt ginn déi duerch Esch verdeelt sinn. Quasi all Schoul mat Ausnam vun de Nonnewisen an der Ganzdagsschoul Jean-Jaurès huet op mannst eng esou eng Annex. D’Brillschoul an de Brouch hunn der souguer dräi. Et wär awer un der Zäit iwwer laangfristeg Léisungen nozedenken a nei Schoulen ze bauen hannert deenen sech och e pedagogescht Konzept verstoppt.  E pedagogescht Konzept ewéi dat vun der Ganzdagsschoul, ewéi d’Jean Jaurès, wou d’Maison relais an d’Schoulgebai integréiert ass, bitt de Kanner ideal Léierkonditiounen an ënnerstëtzt och Elteren, déi alle béid musse schaffen an d’Kanner net an de Mëttesstonn kënne siche goen. Bei dëser Schoul hei schwätze mer vun 183 Kanner a net vun 744 ewéi um Brill.

mardi, 18 juin 2019 

Schoulorganisatioun 2019: Déi selwecht al Problemer. 

An den Escher Schoule ginn et eng Rei Problemer : A verschiddene Schoulen ass net genuch Plaz , et gi net genuch nei Schoule gebaut fir an Zukunft déi wuessend Schülerpopulatioun ënner Dag ze kréien, an et gëtt net genuch sozial Vermëschung vun de Schüler a verschiddene Quartiersschoulen.

Fir de Problem vum Manktem u Plaz ze léisen,  ass iwwer déi lescht 6 Joer och déi schnell Léisung vun den Annexë fonnt ginn déi duerch Esch verdeelt sinn. Quasi all Schoul mat Ausnam vun de Nonnewisen an der Ganzdagsschoul Jean-Jaurès huet op mannst eng esou eng Annex. D’Brillschoul an de Brouch hunn der souguer dräi. Et wär awer un der Zäit iwwer laangfristeg Léisungen nozedenken a nei Schoulen ze bauen hannert deenen sech och e pedagogescht Konzept verstoppt.  E pedagogescht Konzept ewéi dat vun der Ganzdagsschoul, ewéi d’Jean Jaurès, wou d’Maison relais an d’Schoulgebai integréiert ass, bitt de Kanner ideal Léierkonditiounen an ënnerstëtzt och Elteren, déi alle béid musse schaffen an d’Kanner net an de Mëttesstonn kënne siche goen. Bei dëser Schoul hei schwätze mer vun 183 Kanner a net vun 744 ewéi um Brill.

https://youtube.com/watch?v=ldC3MrlmnOI%3Ffeature%3Doembed

Mir brauche méi esou Schoulen, a manner Containerstrukturen, déi just do sti wou grad Plaz war. Mat der neier Schoul op de Klëppen ass d’ailleurs eng Chance verpasst ginn, aus der Schoul eng eegen Entitéit ze maachen. Dës Schoul déi och eng Maison relais am Gebai integréiert huet, ass awer erëm eng Annex.

Déi Annexen an de generelle Manktem u neie Schoule mat integréierter Maison Relais, droe vill bäi zum Problem vun der schlechter sozialer Opdeelung vun den Escher Kanner. Hei zu Esch ginn d’Kanner aus dichtege Quartieren, all zesummen an eng Schoul an d’Kanner aus den aarme Quartiere ginn och all zesummen an eng Schoul. Och wann den Enseignement iwwerall gläich gutt ka sinn, spillen d’Infrastrukturen an d’Solidaritéit tëscht Kanner mat méi Bagage a Kanner mat Léierschwieregkeeten eng wichteg Roll fir hir Reussite an der Schoul ze fuerderen. Sou eng Reussite ass natierlech sozial bestëmmt. An leider sinn a Famillje mat klenge Paie wou d’Elteren net vun hei sinn an och keng grouss Schoule gemaach hunn d’Chance net esou grouss ewéi fir e Kand mat lëtzebuergeschen Elteren déi allen zwee Dokter oder Affekot sinn. Déi Etüd vum Liser weist a wéi enge Schoulen déi gréisste Léierschwieregkeete bestinn, nom Indice sozio-économique. Wann et grad dës Schoule sinn déi déi schlechtsten Infrastrukturen hunn an dréngend missten erneiert ginn (ale Lycée ass esou e Beispill) da stellt dat eng grouss Ongerechtegkeet duer.

Dat kënne mer awer änneren, wa mer méi nei Schoule bauen, Annexen ofschafen oder ewéi d’Klëppen als eegen Entitéit funktionéiere loossen. Mir brauche méi Schoule fir d’Kanner besser opzedeelen, a fir d’Kanner méi gerecht opzedeelen, musse mer d’Schoulsecteure plazeweis nei definéieren.

Dat geet besser mat méi neie Schoulen op strategesche Plazen a wann et och net vill un der Längt vum Schoulwee ännert. Woubäi ee muss soen, sou grouss ass Esch och net. Vun der Brillschoul bis an d’Maison Relais Waldschoul, mussen d’Kanner zum Beispill mam Bus fueren, well déi Maison Relais läit wierklech net ideal. Vum Ale Lycée bis an d’Dellhéicht ass et e Kazesprong.

Bei der leschter Debatt iwwer d’Schoulorganisatioun am Gemengerot hate mir argumentéiert, dass eng Verschibung vun de Schoulsecteuren néideg wier, fir dass all Escher Kanner egal a wéi engem Quartier se wunnen, kéinten déi gläich gutt Schoulkonditioune gebuede kréien. Dat ass deemools net ukomm. Zesumme mat déi Lénk sinn ech awer nach ëmmer dëser Meenung .  

Et kann net sinn, dass Leit musse plënneren, de Quartier wiesselen oder d’Stad verloossen, fir hiert d’Kand an enger Ganzdagsschoul ënnerzebréngen, oder an enger Schoul mat integréierter Maison Relais wou nach Plaz ass. Well dat ass e grousse Problem dee mer zu Esch hunn : déi riseg Waardelëscht fir d’Maison Relais, déi feelend ëffentlech Betreiungsstrukturen. De reelle Besoin ass wahrscheinlech nach méi héich ewéi dee vun deem d’Zuelen hei am Rapport ausginn. All déi Leit, déi hir Demande schlussendlech zeréckgezunn hunn, hu vläicht eng aner Alternativ fonnt fir hir Kanner ze betreien, mee hire Besoin no enger ëffentlecher Betreiungsstruktur ass awer nach ëmmer do.

Dat ass eng Erausfuerderung där sech d’Gemeng an hir Schoulschäffin muss stellen. Ausser si iwwerléisst dat och enger Privater Fondatioun, ewéi am Fall vum Kannerkascht +.

Wat geschitt mat der Ëmwelterzéiung an der Escher Waldschoul?

D’Madamm Ragni huet als Schoulschäffin e neie Projet fir d’Waldschoul an d’Ëmwelterzéiung ugekënnegt. Dëse Projet dréit awer mat sech, dass elo net méi all d’Schoulkanner zu Esch vun dësem Service kënne profitéieren.

Hei eng Erklärung:

Bis elo konnten all d’Escher Schoulkanner an der Waldschoul vum Service vun der Ëmwelterzéiung profitéieren. D’Ëmwelterzéiung ass nämlech Bestanddeel vum Enseignement, wat souvill heescht ewéi, dass all Kand dat zu Esch an d’Schoul geet d’Méiglechkeet huet op Initiativ vu sengem, Schoulmeeschter oder senger Schouljoffer an der Waldschoul u verschiddenen Atelieren Deel ze huelen, oder eng ganz Woch an der Waldschoul ze verbréngen, wou si vum pedagogesche Personal vun der Ëmwelterzéiung ënnert anerem bäibruecht kréien, wat fir Planzen an Déiere ronderëm si bestinn, wat fir en Iessen si um Teller hunn, respektiv vu wou et hierkënnt a wéi si sech gesond Ernäre kënnen. Dass d’Kanner hiert natierlech Ëmfeld kenneléieren a léieren ze respektéieren, ass am Kontext vun der ekologescher Kris grondsätzlech wäertvoll.

Säit wéini gëtt et d’Ëmwelterzéiung an d’Waldschoul zu Esch? Ee klengen historesche Réckbléck:

D’Ëmwelterzéiung an hirer heuteger Form gëtt et säit de 90’er Joren als Service vun der Escher Gemeng. Mëttlerweil ginn am Kader vun der Ëmwelterzéiung  bis zu 47 verschidden Aktivitéiten ugebueden an iwwer 4000 Escher Schoulkanner (290 Klassen) konnte lescht Joer dovu profitéieren. Zwee Leit sinn agestallt fir d’Couren an Ateliere vun der Ëmwelterzéiung ofzehalen. Demande klëmmt all Joers an och 3 Leit géingen an deem Rhythmus net duer goe fir der Ufro nozekommen.

D’Waldschoul gëtt et säit dem Ufank vum 20. Joerhonnert. Deemools gouf se vun de Stoolhäre geschaf fir dass d’Aarbechterkanner sech an der Natur erhuele kéinte vum Stëbs vun de Schmelzen an de schlechten Hygienskonditiounen an hiren enken Aarbechter Wunnengen. Dat wuar am Fong en hygienistesches a philanthropesche Projet.

Wat geschitt elo mat der Ëmwelterzéiung an der Waldschoul?

D’Waldschoul ass al an delabréiert. Si muss renovéiert ginn. Wärend de Renovatiounsaarbechten dierfe keng Coursen um Site (och net an der fräier Natur) ofgehale ginn. D’Renovatiounsaarbechte sinn awer och Ëmbauaarbechten. D’Waldschoul soll an eng Maison Relais mat 40 Plazen ëmgewandelt ginn. D’Madamm Ragni wëll gläichzäiteg d’Ëmwelterzéiung verbesseren an ausbauen. Dat mécht si gär an deem si d’Ëmwelterzéiung op d’Sitte vun der Waldschoul, dem Naturzentrum Ellergronn, an dem Déierepark verdeelt. Wat Verbesserung vun deem Service ugeet, ass et net kloer wat domat gemengt ass, vu que dass sech bis elo keen iwwer déi aktuell Form vun der Ëmwelterzéiung beschwéiert huet, au contraire. All Site wäert säin eegent Profil hunn a seng spezifesch Aktivitéiten ubidden. Wéi eng dat sinn ass awer net kloer. D’Ëmwelterzéiung wäert och net méi Deel vum Enseignement sinn an och kee Gemengeservice méi. D’Gemeng gëtt d’Responsabilitéit iwwer dee Service of un de Ministère de l’Environnement. Dofir wäerten déi zwee Poste vun der Ëmwelterzéiung (Zwee  Enseignant’e fir Ëmweltpedagogik) ofgeschaaft ginn. Gläichzäiteg ginn nei Posten ausgeschriwwe fir de Site vum Ellergronn., dorënner just een Enseignant’s Posten an een Educateurs Posten. D’Enseignant’en aus der Waldschoul ginn also net automatesch op dësem Site agestallt.

Firwat ass dat e grousse Problem?

De gréisste Problem ass, dass d’Gemeng de Service vun der Ëmwelterzéiung ofgëtt un den Environnement. Domat ass en net méi zougänglech fir all déi Escher Schoulkanner, well hei och d’Kanner aus dem ganze Land Usproch hunn op dee Service. Dat bedeit awer allgemeng eng Restriktioun. Escher Kanner si prioritär, also a Konkurrenz mat deenen aneren, mee d’Ëmwelterzéiung ass net méi Deel vun hirem Enseignement an der Schoul.

Leit verléieren hire Posten obwuel si kéinten op enger anerer Plaz weiderschaffen, oder souguer dobaussen am Fräien um Site vun der Waldschoul, grad ewéi d’Bëschcrèche.

Et gëtt am ganze Land just 3 esou Schoulen, d’Kockelscheier fir d’Schoulklasse vun der Stad Lëtzebuerg, Naturschoul Lasauvage fir hier Gemengen, an Esch.

Eng Maison Relais an der Waldschoul déi just fir 40 Kanner zougänglech ass immens exklusiv. Wéi eng Kanner dierfen da vun deem Luxus profitéieren? Hei drop weess d’Madamm Ragni keng Äntwert…

Kannerkascht+ – Awer just Augenwischerei?!

Am Gemengerot vum 24.05.2019 gouf de Projet Kannerkascht + virgestallt.

mercredi, 05 juin 2019 

Kannerkascht+ – Awer just Augenwischerei?! 

Am Gemengerot vum 24.05.2019 gouf de Projet Kannerkascht + virgestallt.

https://youtube.com/watch?v=VS1Lo3RWXr8%3Ffeature%3Doembed

Wat ass de Kannerkascht +?

Et handelt sech hei ëm e Bildungsprojet, virun allem an de Maison Relais’en. Am Kader vum Kannerkascht+ kréien d’Kanner déi an enger Maison Relais ageschriwwe sinn, oder op enger Waardelëscht vun enger Maison Relais stinn, nierft engem Mëttegiessen, weider Aktivitéiten am Nomëtteg ugebueden. Déi Aktivitéite gi vun Theateratelieren, iwwer Sportprogrammer bis zu emotionaler Bildung a Wëssensatelieren. Alles am Kader vun der non-formeller Bildung.

Wou ass de Problem?

D’Bildung zu Esch stäerken an de Kanner eng Méiglechkeet ginn u verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen, déi si fit fir d’Liewe maachen, ass natierlech en Objektiv dat mir ënnerstëtzen!

Par konter ass et problematesch, wann dat net d’Gemeng selwer an d’Hand hëlt, mee hir Responsabilitéit ofgëtt un eng Privatfondatioun, nämlech an dësem Fall d’Up-Fundation, déi hire Sëtz an der Dicksstross huet. Dës Fondatioun soll d’Koordinatioun vun de verschiddenen Aktivitéite fir de Kannerkascht + iwwerhuelen. Si ass de Mediateur tëscht der Gemeng an de verschiddenen Asbl.’en an Organisatiounen, déi hir Aktivitéite fir d’Maison Relais’en ubidden. Dës Acteure gi weder  vun der Gemeng, nach vun der Up-Fundation bezuelt, mee vun den Organisatioune fir déi si schaffen. D’Up-Fundation ass eng privat Organisatioun, déi duerch privat Gelder aus der Finanz- a Wirtschaftswelt ënnerstëtzt gëtt. Si inspiréiert sech un der schwäizer Jacobsfondatioun, eng Fondatioun fir d’Bildung déi vu Jacob’s Kaffi, ee Grousskonzern dee mat Kaffi säi Business mécht.

D’Up-Fundation setzt op d’Privatinitiativ fir d’Bildung virunzebréngen. Fir si ass et net un der ëffentlecher Hand d’Bildung ze stäerken, mee un der Zivilgesellschaft. Dat ass eng Approche déi och de Bildungsminister vertrëtt, an déi och a Richtung Privatiséierung vun den ëffentlechen Servicer geet. Schliisslech ass d’Privatiséierung vun der Schoul scho längst am gaangen.

Et ginn immens vill Froe, déi fir eis onbeäntwert bliwwen sinn, notamment „Wien décidéiert schlussendlech iwwer d’gesamt Auswiel vun den Aktivitéiten? Dat ass jo dann net méi d’Gemeng, wann d’Up-Fundation d’Akteuren siche geet… An wien décidéiert am Endeffekt wat Kanner maachen? Sinn dat d’Elteren oder erëm déi Privatfundatioun. An da natierlech, stellt sech d’Fro wéi d’Kanner transportéiert ginn vun der Maison Relais bis zu den Aktivitéiten? Wéi sinn se assuréiert? Villes steet eben nach an de Staeren, mee de Projet klengt immens cool, an d’Madamm Ragni wëll onbedéngt lassfueren, ouni Rücksicht op déi konkret Art a Weis wéi déi Saachen kënnen ëmgesat ginn.

Wou era besteet d’Augenwischerei?

Een Zil vum Kannerkascht + ass et, d’Kanner vun de Waardelëschten an de Maison Relais’en erofzekréien. Aktuell sinn 800 Kanner an enger Maison Relais zu Esch ageschriwwen, 800 weiderer stinn op der Waardelëscht.

D’Iddi vun der Schoulschäffin ass, dass all Kand, dat op enger Waardelëscht steet an un enger Aktivitéit am Kader vum Kannerkascht + deel hëlt, dann automatesch vun der Waardelëscht verschwënnt. Mee usech ännert dat näischt. Et gi jo keng nei Plazen doduerch an de Maison Relais’e fräi. Et ass also just eng kuerzfristeg Tëscheléisung, déi och iergend wann net méi duer geet, well duerch déi nei Offer bestëmmt och méi Elteren hirt Kand wéilten an enger Maison Relais aschreiwen.

Dann menge mir, dass een sech net vun engem Projet dee flott kléngt soll aschléifere loossen, ouni ze hannerfroen, wien d’Responsabilitéit an d’Decisiounen iwwer dëse Projet hëlt.

Pressekonferenz.

Zu Wobrécke sinn d’Leit enges mueres erwächt an hu misse festellen dat an Hirem Quartier massiv Beem ofgeholzt gi sinn.

Am Neiduerf, sinn d’Awunner vun der rue Saint Nicolas an der rue Neudorf per Zoufall gewuer ginn, dass an hirer Strooss e grousse Bauprojet geplangt ass, dee vill Leit aus hiren Haiser verjot a weider Konsequenze fir d’Liewensqualitéit vun den Awunner huet.

Nodeems de Projet vum Portal Eent um Prënzeréng ouni Tuerm am Gemengerot ofgestëmmt gouf, koum et zu engem Revirement. Den Tuerm ass erëm do. De Bauteschäffe wëll dat sou an d’Leit grad ewéi d’Gemengeconseillere sinn et an der Zeitung gewuer ginn.

De Schäfferot wollt de Ciné Ariston reaffektéieren, dono net méi, dunn awer, mee ouni en ze kafen. De Kulturschäffe sot en hätt keng Iddie fir den Ariston. Elo sollt en Sall fir Jugendtheater dran entstoen. Vläicht kéint een nach vill méi draus maachen, wann een sech ëmfreet…

De Gemengebudget 2019 ënnert d’Lupp geholl.

Wou geet d’Rees déi nächst Joer hin ? 

De Budget ass nämlech eng Projektioun wéi et soll déi nächst Jore weidergoen. Wat fir Erausfuerderunge ginn an Ugrëff geholl, wat fir Projet’en finanzéiert, a wat gëtt investéiert ?Wann all Joers 1000 Awunner méi solle bäikommen, Frichen erschloss ginn , d’sozial Ongläichheete weider auserneen driften, dann muss de Budget vun der Gemeng op der Héicht sinn, vun den Erausfuerderungen déi sech heiduerch stellen.

Grouss Erwaardungen. Keng nei Akzenter.

Leider setzt de Budget vun 2019 keng nei Akzenter an ass de groussen Erwaardungen och net gemooss. D’Gemeng investéiert weiderhin net genuch an d’Entwécklung vun der Stad an d’Zukunft vun hire Bierger. Dat weist zum Beispill de Fait dat, vun 113 Milliounen déi de Budget virgesäit, der nëmme 67 benotzt gi sinn. E bëssi méi ewéi d’Halschent ass vum Budget vun 2018 realiséiert ginn, 59%. Dobäi sinn d’Spuersäiten eriwwer.

D’Gemengefinanze sinn an top Form.

Mat engem Boni vu 66 Milliounen, engem Scholdestand vu ronn 50 Milliounen, Fongenreserve vu 16 Milliounen an engem Kapitaliwwerschoss vun 32 Millioune bei Südstroum deen der Gemeng och ze Gutts kënnt. Zënter 5 Joer huet Gemeng keen Emprunt méi misse maachen.

Wat geschitt dann elo mat all deene Suen ?

Déi Lénk Gemengerotsmembere Marc Baum a Line Wies hunn d’Haaptkritikpunkten op de Punkt bruecht an déi Beräicher opgezielt déi dréngend méi nohalteg Investissementer brauchen.

0€ fir nei kommunal Mietwunnengen

Wunnengssituatioun zu Esch ass problematesch. Dofir gouf eng Agence Immobilière Sociale an d’Liewe geruff, fir de Leit privat Wunnengen zu engem soziale Präis ze verlounen. Natierlech begréisse mir als déi Lénk dëse Projet. Mee bedenklech ass awer, dass net méi virgesuergt gëtt fir weidere gënschtege kommunale Wunnraum ze schafen. Op de Nonnewisen huet d’Gemeng Lotissementer gebaut déi all zum Verkaf stinn. Lokativ Gemengewunnenge fir déi ee kee Prêt muss maache, sinn immens rar. Vun 341 stinn der eleng 77 säit 2016 eidel. Déi musse renovéiert ginn. 2018 goufe vu 5,1 Millioune € déi fir d’Renovatioun vun de Gemengewunnenge virgesi waren, der just 1,7 ausginn. Fir d’Joer 2019, sinn nëmme 6 Renovatioune virgesi mat engem knappe Budget vun 1,6 Millioune €. 0€ si vir de Bau an/oder d’Acquisitioun vu neie soziale Mietwunnenge virgesinn. Dobäi kritt d’Gemeng fir all Wunneng déi se schaaft 75% vum  Staat rembourséiert an 1000€ pro Wunneng dobäi. De soziale Wunnengsbau ass e wichtegt Element fir d’sozial Mobilitéit vun de Leit ze fuerderen. D’Gemeng muss sech dofir d’Moyen’e ginn déi se zum Beispill via eng Tax op eidelstoend Wunnenge kann anzéien. Dës Tax, déi den Inneministère gesetzlech virgesäit, gouf zu Esch ni ëmgesat, a wäert och dës Kéier net ëmgesat ginn, wéi een aus dem Budget kann erausliesen. E ganz fade Bäigeschmaach an dësem Kontext ass d’Senkung vun der Gewerbesteier, déi 2018 vum Schäfferot decidéiert gouf an der Gemeng d’Recettë kierzt.

Spuersam Sozialpolitik

Bei de sozialen Infrastrukturen, beweegt sech net vill. De Budget vum Abrisud gouf erofgesat, an d’Pläng ronderëm dat neit Emplacement vum Abrisud bleiwe geheim. D’Stëmm vun der Strooss kritt keng nei Moyene fir hir Raimlechkeeten ze erweideren, an och fir déi 75 nei Employé.e.ë vum Office Social gi nei Raimlechkeete gebraucht déi net budgetiséiert sinn.

Schoulpolitik am Schleekentempo an ouni Gesamtvisioun

Am Budget fir 2019 sinn 750 nei Schoulplazen an 880 nei Maison Relais Plazen virgesinn. Verschidde Schoule solle renovéiert an ausgebaut ginn, nei Maison Relais sollen entstoen an et sollen och fonkelnei Schoule gebaut ginn. Am Moment ass just déi nei Schoul zu Wobrécken an der Maach. Hei ass bis elo just 1 Millioun vun 3 déi am Budget 2018 virgesi ware verschafft ginn. Elo kommen hei nach emol 5 Milliounen dobäi. Sollt dës Schoul an hir Maison Relais wéi geplangt 2012 opgoen da muss ee Gas ginn mat den Depollutiounsaarbechten.

Mir brauchen nei Schoulen an Esch fir d’Schülerpopulatioun besser opzedeelen an déi al Gebaier ze entlaaschten déi un hir Limitte getraff sinn. D’Schoulen déi op der Lentille an um Crassier Terres Rouges, grad ewéi op der Arbed Schëffleng geplangt sinn, sinn zwar am Kader vun der Stadplanung annoncéiert ginn, mee wéini d’Aarbechten hei ugi steet nach an de Stären. Et ass nach kee Budget hei zou festgeluecht a nach kee konkrete Projet am Gemengerot presentéiert ginn.

Dat sinn also 800 nei Schoul-a Maison Relais Plazen déi nach eng Zäit a Klammere wäerte stoen. Am Fong steet fir d’Joer 2019 just een neie Projet fir de Bau vun enger Schoul am Budget, fir de Quartier Neiduerf. Dat ass eng Fuerderung déi déi Lénk  ëmmer erëm gestallt hunn, also eng al Iddi. Mir wieren ëmsou méi frou wann d’Neiduerfschoul keng Annex géif ginn. De Wëllen d’Annexen iwwerflësseg ze maachen, huet dëse Schäfferot leider net. Et gi souguer neier opgeriicht wéi d’Maison Relais um Lalléngerdäich. Ze Bedenken ass och, dass dës meeschtens provisoresch Strukture séier onbenotzbar ginn an da mussen ersat ginn. D’lescht Joer si vläicht eng 17% vun eise Kanner an eng provisoresch Struktur, resp. Annexe an d’Schoul gaangen. Dëst Joer misst dat ähnlech sinn.

Fir den Ëmbau vum Ale Lycée, stoung eng Etüd fir 50000 € am leschte Budget, déi ni duerchgefouert gouf. Dës Schoul huet enger Liser Etüd no déi sozial-an ekonomesch schwächste Schülerpopulatioun aus ganz Esch. Hei feele ganz drénglech Investissementer.

Et feelt schlussendlech un enger Gesamtvisioun beim Schoulbudget. Eng wierklech proaktiv Investitiounspolitik déi e Virsprong kéint gewanne bei der Schafung vu neie Schoulplazen am Kontext vum demographesche Wuesstem gëtt et net.

Moien Esch 2022. Äddi Ciné Ariston.

D‘Investissementer an d’Kultur schaffen entweder just op Esch 2022 hin, oder a vergänglech Projet‘en bei deene kee Konzept fir e laangfristegen an och sozialen Notze virläit. Zu Esch feelt virun allem en Escher Lokalmusée. Effektiv, gëtt et zu Esch kéng Plaz, wou déi Escher oder och Visiteuren eppes zu Escher Lokalgeschicht gewuer ginn. An do ginn et awer vill interessant Aspekter. Esch bléckt op eng joerdausend al Geschicht zeréck. Esch ass och méi wéi nëmmen d’Industriekultur. Esch kéint och e weidert Kulturzentrum gebrauchen. Do wier d’Gebai vum Ciné Ariston ideal. Den Ariston kéint polyvalent genotzt ginn, ob als Kino, Theater-oder Festsall. Wor d’Reaffektatioun vum Ariston dann net eppes wat am Koalitiounsofkommes 2017 stoung an Hoffnungen opliewe gelooss huet dat awer erëm vläicht e qualitative kulturelle Programm am Stadkär ka gebuede ginn?! Fir de Schäfferot wier sou eng Investitioun an den Ariston awer net derwäert. Si misste bis zu 9 Milliounen ausgi fir den Ariston opzepäppelen. Dat schéngt iwwerdriwwen. De Kinossall ass intakt a gouf nach virun net sou laanger Zäit genotzt. De Festsall an d’Buvette hätten eng Renovatioun néideg, mee trotzdeem ginn do weiderhi Festlechkeeten ofgehalen. Et kann also net esou well si mam Zoustand vum Ariston. De Schäfferot huet jo schliisslech 12, 5 Milliounen am Gemengebudget virgesi fir Acquisitioune vun Immobilien, do kéint de Kaf vum Ariston fir 2,5 Millioune jo abegraff ginn. Mee de Schäfferot huet keng Iddie wat e soll mam Ariston ufänken. Da gi mir hinnen Iddien. Eng Biergerinitiativ ass schonn um Start. Affaire à suivre…

E Budget vun enger erschreckender Mëttelméissegkeet.

Trotz positive Verännerunge bei der Astellungspolitik (ëm déi 73 nei Aarbechtsplazen si geschaf gi säit Dezember 2017) mat der Kommunaliséierung vun de Bamhaiser an der neier Buvette fir d’Lallénger Sportshal, Entwécklung vum CIGL eweg vun enger Beschäftegungspolitik, bleift dëse Budget vun enger erschreckender Mëttelméissegkeet.

Wat am Gemengerot geschitt bleift net am Gemengerot.

Budget 2019

De Buergermeeschter huet a senger Budgetsried déi Projet’en opgezielt an déi haaptsächlech soll investéiert ginn fir 2019. Nei Schoulgebaier, Infrastrukturverbesserungen, nei Sportinfrastrukturen, Urbanismusprojeten, Immobilienaquisitiounen a nei kulturell Infrastrukturen, maachen de Gros vun de Budgetposten aus, déi de Buergermeeschter a senger Ried opgezielt huet.

D’Finanze vun der Gemeng si méi ewéi gutt. D’Gemeng muss keng Sue léine goen an Enn 2018 bleift e budgetäre Gesamtiwwerschoss vu bal 67 Milliounen iwwreg. Enn 2019 sollte bal 5 Millioune Gesamtbudget iwwreg bleiwen. D’Ausgabe fir 2019 betreffen 116 Milliounen Investitioune fir d’Stad an hir Bierger.INN.en an ëm déi 161 Milliounen ordinär Ausgaben (Paien, Loyeren etc.). Wat dat gesamt Konzept oder d’politescht Visioun fir de Budget vun 2019 ass, erkläert de Buergermeeschter net. Dat wäerte mir nach selwer erausfannen. D’Debatt iwwer de Budget ass den 3. Dezember am Gemengerot um 9h.

Modification ponctuelle du Plan d’aménagement général « Südspidol »

D’Südspidol soll bis 2023 fäerdeg ginn an zu Esch Raemerech um Gebitt vun de Quartieren Elsenbrich, Zare Sommet, op de Kleppen gebaut ginn, ugebonnen un d’Rue Henri Koch an de boulevard Charles de Gaulle. Dës punktuell Ëmännerung vum PAG ass formell néideg fir den Terrain fir de Bau vum Südspidol kënnen ze notzen. Am Kader vun der Modifikatioun vum PAG muss och ëmmer eng Strategesch Ëmweltprüfung (SUP) duerchgefouert gi fir sécher ze goen dat kee Schued oder Risiko besteet fir d’Gesondheet vum Mënsch an der Ëmwelt bei der Ëmklasséierung vun engem Terrain an e Bauterrain. Am Fall vum Südspidol gëtt de SUP-Bericht gréng Luucht, mä fuerdert d’Gemeng Esch awer och op en anere Wunnraum fir de Gartenrotschwanz ze fannen. De Villche wäert deemnächst kënnen op de Bouwenacker « plënneren ». D’Modifikatioun vum PAG gesäit hei allgemeng eng Ëmklasséierung vu verschiddene Terrain’e an eng zone d’équipements publics fir grad ewéi eng Ëmklasséierung vun enger zone d’activité an eng zone verte mat der geplangter Gréngfläch fir d’Spidol an der Renaturaliséierung vun der Dippech op dem Gebitt.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Déi Lénk hunn dëse Punkt matgestëmmt. De Marc Baum huet awer och beim Buergermeeschter a beim Schäfferot nogefrot wat mat den aktuelle Gebailechkeete vum CHEM geschitt am Quartier Dellhéicht. Dës Gebaier gehéieren effektiv dem CHEM an den Terrain ass mat Proprietéit vun Arcelor-Mittal. D’Gemeng sollt sech awer d’Recht huelen an d’Saach anzegräifen an de CHEM net eleng iwwer d’Schicksal vu senge Gebaier am Escher Stadkär decidéiere loossen. Eng Versammlung vun der Gemeng Esch mam Finanzministère an dem CHEM ass schonn op der Agenda. De Marc Baum huet och op d’Uleies vum TICE opmierksam gemaach. D’Busgare vum TICE um boulevard Charles de Gaulle ass nämlech vun der PAG Ëmännerung betraff. Den TICE wäert seng Hale fir d’Bussen op de Personalparking ausbauen an dofir de Parking zweestäckeg iwwer d’Halen bauen. Hei ass also ee Compromis fonnt ginn.

Eng weider Bemierkung vun déi Lénk betrëfft d’Schrebergäert um Elsenbrich déi verschwanne musse fir de Bau vum Südspidol. Hei ass et wierklech bedenklech dat den zoustännege Schäffen de Martin Kox keng Kompensatioun, keng Ersatz Terrain’e fir all déi concernéiert Leit konnt fannen. Leit déi lo scho jorelaang zu Esch hire Gaart hate mussen elo wann se keng Escher sinn an de Nopeschgemengen en neien Terrain fannen. Esch verhandelt mat deene Gemengen, mee eng Garantie op Ersatz gëtt et net wierklech an eng alternativ Plaz fir d’Südspidol leider och net.

Nouveau quartier  « Central Square » à Belval-Ouest (Suessem-Esch)

Op deels Escher an deel Suessemer Territoire ginn um Belval nei Lotissementer gebaut. Vun deenen all kéiers 10% vun der Wunnfläch fir „logements à coût modérés virgesinn“ sinn. D’Appartementer sinn opgedeelt a Studioe vu 40m2 bis zu den 3-Zëmmer Wunnengen. déi Lénk hunn de Projet matgestëmmt.

Distributeur automatique de produits de boulangerie

Et klengt net ganz appetitlech, mee sou ass et awer geduecht : ee Baguettenautomat soll an en Eck vum Parking vum Lallenger Kierfecht installéiert ginn. Dat ass d’Zil vun enger Konventioun tëscht der Stad Esch an enger der Firma PAKT S.A. vu Stroossen déi Automaten hierstellt an Exploiteur ass vun der Firma Panivending aus der Lorraine.

D’Firma bezilt der Stad Esch e Loyer vun 240€ de Mount a këmmert sech ëm Installatioun, Ënnerhalt a Beliwwere vum Automat. Just huet de Schäfferot Sënn an Zweck vun sou engem Automat net wierklech widderluecht a kee weess vu wou dat Brout hir soll kommen dat an dem Automat soll an e puer Sekonne gebak ginn. Dobäi setze besonnesch déi Gréng Schäffe jo awer op gesond Iessen… Dem Commerce de proximité ass heimat op jiddefalls kee Gefale gedoen. En plus steet den Automat eng 200m vun enger Bäckerei ewech. Och Sonndes besti Méiglechkeete säi Brout an der Ëmgéigend kafen ze goen och ouni den Auto mussen ze huelen, op Plaze wou de Verkaf vum Brout Aarbechtsplaze schaaft, och wann et sech hei net ëmmer ëm ee klenge Commerce handelt mam Cactus an der Tankstell. Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ? Dogéint ! Och d’LSAP hunn dogéint gestëmmt an déi Gréng hunn dëse Punkt mat Virbehalt matgestëmmt.

Motion « Commission des loyers »

MotionCommissionLoyers

Hei zu Esch wéi och an anere Gemenge gëtt et eng Mietkommissioun, also eng Commission des Loyers, déi notamment d’Missioun huet de Leit ze hëllefen déi vun engem Litige bei der Festleeung vum Montant vun hirem Loyer an hire Chargë betraff sinn. Dem Mietgesetz vun 2006 no, dierf de maximale Montant vum Loyer net iwwer déi 5 % vum investéierte Kapital an d’Wunneng oder Haus ewech goen, soss handelt et sech ëm ee Litige an de Propriétaire mécht sech strofbar. D’Mietkommissioun huet den Optrag de Problem „à l’amiable“ ze léisen a kann dofir och selwer de Montant vum Loyer festleeën. Fir dës Prozedur awer kënnen anzeleeden, muss d’Kommissioun saiséiert ginn. Anescht kënnt Kommissioun net zesummen. A fir d’Saisie kënnen ze maachen, muss och eng rechtlech Prozedur respektéiert ginn, zum Beispill soll de Propriétaire och vum Locataire informéiert ginn, Bréiwer musse geschriwwe ginn etc etc. Am beschte misst de Montant vum investéierte Kapital gewosst si fir dat de Locataire kann ausrechne wat säi Loyer dierft sinn.

Déi schwéierfälleg Prozedur beäntwert deelweis d’Fro vum Line Wies un de Schäfferot an de Buergermeeschter: Firwat ass déi Mietkommissioun säit de Wahlen nach ni zesumme komm, wuelbemierkt dat se och an deene leschte 6 Joer ënnert der LSAP och nëmmen 2 mol zesumme komm ass. Dat schéngt am Kontext vun der Wunnengsnout zu Esch wierklech erstaunlech. Hätten d’Leit effektiv guer keng Requêtë gemaach? A wann wéi kann dat sinn? An enger Aarbechtergemeng ewéi Esch an där de Mediane Loun net iwwer 3000 Euro ewech geet bei engem nationalen Duerchschnëtts Loyer vun 1400€, misst d’Mietkommissioun dach all Hänn voll ze dinn hunn. Eben grad duerch déi Penurie u bezuelbare Mietwunnenge kann ee fäerten dat de maximale Montant vum Loyer oft iwwer déi 5 % vum investéierte Kapital an d’Wunneng erausgeet, wat dem Mietgesetz no net erlaabt ass.

D’Äntwert läit fir d’Vertrieder vun déi Lénk op der Hand: Déi mannste Leit sinn iwwer d’Existenz vun enger Mietkommissioun informéiert an nach manner iwwer d’Prozedur vun der Saisie vun der Mietkommissioun. Déi meescht Leit kennen hir Rechter als Locataire och guer net. Et ass de Rôle vum Schäfferot, d‘Leit an der Gemeng iwwert hir Rechter als Locataire ze informéieren an déi sëllech Prozedure fir d’Mietkommissioun ze saiséieren oder aides au logement locatif (Subvention Loyer, Garantie locative) unzefroen ze erklären.

Dat fuerdert och d’Motioun déi d’Line Wies fir déi Lénk agereecht huet: MotionCommissionLoyers

E weidere wichtegen inhaltleche Punkt vun dëser Motioun, ass d’Bedenken dat mat den explosiven Immobiliëpräisser (Eng Hausse vun 5% all Joers sou dat par Rapport zu 2000 d’Präisser ëm dat duebelt geklomme sinn) an der Stagnatioun vun de Léin, ëmmer méi Loyer’en onbezuelt sinn och wann se 5% vum investéierte Kapital ausmaachen. déi Lénk fuerdere säit laangem eng Reform vum Mietgesetz fir de maximale Montant vum Loyer kënnen un d’Realitéit unzepassen.

De Schäfferot huet onerwaart an op Grond vun der Argumentatioun vun déi Lénk, eng weider Motioun  eragereecht, déi d‘ Aussoen iwwer d’Wunnengsnout vun der Motioun vun déi Lénk iwwerhëlt an sech un d’Regierung riicht mat der Fuerderung vun enger nationaler Instanz (Eng Aart Ombudsmann/fra) déi sech soll ëm iwwerdeiert Loyer’en a Chargen op lokalem a regionalem Niveau këmmere mat engem vereinfachte Prozess. De Schäfferot an d’Vertrieder vun déi Lénk hunn sech op eng gemeinsam Motioun gëeegent, déi sech engersäit un de Schäfferot riicht mat der Fuerderung no enger Informatiounscampagne iwwer d’Rechter vun de Locatairen an de Fonctionnement vun der Mietkommissioun, anerersäits un d’Regierung fir op laang Dauer déi komplex Prozedur vun de Mietkommissiounen ze ersetzen duerch eng méi effikass national Struktur.

D’LSAP huet d’Motioun net matgestëmmt, vläicht aus obskure parteipolitesche Grënn?!

Kee Gemauschels hannert zouenen Dieren: déi Lénk Pressekonferenz iwwer d’Prozedur vum PAG.

An de Gemenge Suessem, Déifferdeng an Esch verleeft d’Gemengeplanung ondemokratesch an ontransparent. De Plan d’aménagement général (PAG) huet e wichtegen Impakt op d’Stadbild an d’Liewensqualitéit vun de Leit. D’Leit hunn e Rescht mat Zäite gewuer ze gi wat d’Ëmklasséierung vun hirem Haus u konkrete Folgen huet an och mat agebonnen ze ginn an d’Gestaltung vun hirem Wunnraum. Nom éischte Vott vum PAG hunn d’Leit 30 Deeg Zäit fir Reklamatiounen anzereechen. Zu Suessem steet den Datum vun dem Vott scho fest: 27.04.2018.

Zu Esch an zu Déifferdeng ginn et nach keng Informatiounen…

„ Non aux manigances à huis-clos“

Dans les communes de Sanem, Differdange et Esch, la procédure du Plan d’aménagement général est extrêment opaque et non-démocratique. Le PAG détermine l’aspect et le paysage de la ville. Il influe fortement sur la qualité de vie des gens. Les habitant.e.s des communes devraient être informé.e.s suffisamment en avance des planifications prévues pour comprendre l’impact des reclassements de leurs habitations et participer à la conception de leurs espaces de vie.

Après le premier vote du PAG, les intéressé.e.s peuvent émettre des réclamations durant 30 jours.

A Sanem le premier vote aura lieu demain, 27.04. 2018.

A Esch et à Differdange il n’y a pas encore de date fixée…

Bilan de la campagne à Esch.

1) Les résultats électoraux d’Esch-sur-Alzette s’inscrivent dans un contexte européen et national de crise de la social-démocratie social-libérale et d’une poussée de la droite dans de nombreux pays et au Luxembourg. Le LSAP a perdu sa première place de « parti communal » dans le pays et perd ses majorités dans d’autres mairies du canton d’Esch. Les trois listes de gauche à Esch perdent des voix, y compris déi Lénk, qui gardent leurs sièges et le LSAP perd 3 sièges de 9 et le PCL son seul siège.

2) Le facteur spécifique pour Esch est sans doute le discours « misérabiliste » largement dominant dans le ressenti de la majorité de l’électorat : « Esch est pauvre, sale et insécurisée et on fait trop dans le social au lieu de développer la Ville à l’instar de ce qui passe dans le reste du pays. » Le CSV et le DP ont su habillement tirer partie des idées reçues en menant un discours populiste. Ce ressenti est charrié par la presse locale (tageblatt) et nationale et fort maladroitement par l’ancien collège-même. Pendant 4 ans, la bourgmestre a traité et retraité des questions sociales marginales comme l’hébergement des sans-abri et des demandeurs d’asile et la prise en charge des personnes dépendantes de drogues dures sans réaliser les installations annoncées. A l’inverse, le combat contre le taux de chômage de 13,2% n’a pas été traité dans une optique de classe, mais délaissé. Du coup, une orientation de « gentrification » est devenu le crédo dominant de toutes les forces politiques, social-démocratie comprise à l’exception de déi Lénk et du PCL. Il faut préciser ici que la Ville d’Esch connait à l’inverse du ressenti un développement certain avec la construction de quartiers nouveaux et un essor économique post-sidérurgique considérable. Le « trop de social » est une illusion d’optique. Le coalition a catégoriquement refusé le développement de l’habitat social ; il n’y aucune stratégie pour améliorer matériellement et du point de vue pédagogique le niveau de l’enseignement fondamental ; la politique sociale est réparative et compartimentée avec une cinquantaine de bureaux d’assistance agissant avec peu de coordination entre eux…

3) Le bilan de l’ancienne coalition est peu visible et parfois peu crédible : aucune réalisation-phare, projets qui trainent, inaugurations d’installations semi-finies, rectifications de dernière minute (« jardins éphémères » créés quelques semaines avant les élections). Il est impossible pour l’électorat d’identifier clairement les résultats de l’action de la coalition LSAP-déi Gréng.

4) Les membres du collège, surtout les échevins LSAP, usés par le pouvoir apparaissaient comme une société fermée, arrogante parce que sûrs de leurs positions, et minés par des dissensions internes. Les échevins n’avaient pas d’heures d’écoute des citoyens à la mairie. L’échevin vert était isolé et maltraité par ses pairs social-démocrates à tel point qu’il s’est tourné tout de suite vers le CSV à l’issue du scrutin.

5) Il faut cependant un peu nuancer le désastre du LSAP et analyser de plus près l’effet des changements sociologiques sur le comportement de l’électorat. En voix personnelles, la mairesse sortante dépasse le leader du CSV. Les échevins LSAP ont été punis. Dans les quartiers nouveaux, les résultats du LSAP sont meilleurs qu’en moyenne. Il faut aussi se rappeler que lors des élections 2011, le LSAP avait bénéficié de deux sièges « restants » sur les neuf qu’il avait remportés et le CSV avait eu un résultat désastreux en 2011.

6) Les résultats des Verts (2+1) et du parti démocratique (1+1) sont difficilement compréhensibles d’autant plus que les avancées écologiques des 6 dernières années restent largement énigmatiques et que le bilan du seul conseiller DP est déplorable. Son absentéisme aux réunions du conseil communal était pourtant notoire. Il faut probablement classer les gains verts et libéraux non pas comme un vote d’adhésion, mais comme un vote de sanction contre le LSAP.

7) Le résultat de déi Lénk à Esch – avec une perte de 1,5% et le maintien des deux sièges – est loin d’être dramatique mais exige de nous une réflexion approfondie et autocritique. Nous en sommes capables. Il est probable que nous n’avons pas tant été jugés sur notre action des 6 années écoulées et notre programme électoral (de loin le mieux élaboré entre tous) mais que malgré notre opposition au conseil nous avons dans le ressenti de l’électorat (encore le ressenti !) été en quelque sorte associés au bilan des social-démocrates puisqu’on nous considère comme étant leur partenaire naturel. Cette analyse – si elle a du vrai – est certainement insuffisante. Plusieurs pistes d’explications sont actuellement poursuivies dans la section d’Esch, qui a besoin d’un peu de recul pour arriver à des conclusions qui pourraient guider notre action future :

(-) Nous ne nous sommes pas trompés de sujet, mais de discours. Nous ne sommes pas arrivés à déconstruire les idées reçues, nous ne l’avons pas même trop essayé malgré un texte de discussion interne antérieur qui traitait ce sujet.

(-) Nous sommes la liste entre toutes avec le moins de votes de liste (à part les Pirates incomparables parce qu’ ayant une liste incomplète). Voilà qui doit nous interpeller ! Nous n’avons pas suffisamment d’électeurs/trices non-volatiles mais fidèles qui nous considèrent comme étant « notre parti ». D’où des réflexions à mener comment orienter notre travail de fidélisation entre les élections.

(-) Notre apparition est souvent trop sage. Dans la forme nous ne nous distinguons pas assez des autres courants. Il y a une dialectique fond-forme à redéfinir. Cela vaut probablement aussi pour notre apparition nationale.

(-) Nous devons analyser de plus près les résultats quartier par quartier et considérer le nombre extrêmement élevé de non- participation, de votes blancs et nuls.

(-) Nous devons discuter sur notre ancrage dans différentes couches de la population. Les lettres personnalisées pour 3 sortes d’immigrés et pour les nouveaux-électeurs, envoyées juste avant les élections ne suffisent pas ; il faut un travail continu notamment envers l’immigration.

(-) Avec tous ces éléments autocritiques à fouiller, il ne faut pas verser dans « l’auto-flagellation ». Il y avait du bon dans notre campagne : il faut au moins nommer la féminisation et le rajeunissement réussis !

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe